Beaver

beaver@castors.lu
+352 621 323 598
Eve Entringer
Chef de Colonie

Den éischte Schrëtt an de Scoute maachen déi meescht Leit an de Beaver. Kanner vu 6 bis 8 Joer bilden hei all zesummen eng Colonie. Als Beaver mécht en lauter néi Erfarungen an déi net eleng mee zesumme mat deenen anere Beaver. Doduerch dass Beaver an enger Colonie liewen, leieren se sech net nëmmen engem Grupp unzepassen, mee och déi aner ze respektéieren a mat hinnen zesummenzeschaffen.

Emol an der Woch treffen si sech fir zesummen ze spillen, ze bastelen, Natur ze erfuerschen a kleng Deeler vum Scoutismus ze entdecken. Hinne geet et virun allem drëm zesummen eng flott Zäit ze verbréngen, guidéiert vun hire Cheffen déi probéieren hinne verschidde Wäerter wei Respekt, Toleranz, Solidaritéit,… méi  no ze bréngen.

Dat ganzt fënnt am Kader vun der Geschicht „Frënn aus dem Bësch“ statt, eng Geschicht an där eng Beavercolonie an eng Menschenfamill sech kenneléieren an hier géigesäiteg Liewensstiler entdecken. Net nëmme verbrénge Beaver zesummen Zäit an de Versammlunge mee hunn och puer mol am Joer d‘Méiglechkeet ganz Deeg oder souguer Campe vu puer Nuechte mateneen ze erliewen an sou nach méi zesummenzewuessen an nei Erfarungen ze maachen.

Beavercheffen

Jil Krier
Ella Jost (Taya)
Eve Entringer
Sabrina Schmitt
Amélie Beckius
Lea Menasce

Beavergeschicht

Et war eemol e grousse Biwerjong, dee sech enges Daags geduecht huet, dass et un der Zäit wier, fir an déi grouss Welt erauszegoen. Dëse jonke Biwer huet Bibu geheescht. En huet seng Saachen zesummegepaakt an huet sech op de Wee an déi grouss Welt gemaach.

Zu nämmlechter Zäit, op der anerer Säit vum grousse Bësch, huet och d’Jolly, e jonkt Biwermeedchen sech geduecht, dass de Weier elo ze kleng gi wier fir all déi vill Biwergeschwester a Biwerbridder, an och hatt huet sech op de Wee gemaach, fir en neit Doheem ze fannen.
Si waren allen zwee laang ënnerwee. Op eemol huet d’Jolly eppes héiere raschelen an huet sech séier hannert dem Bam verstoppt. E lëschtegen, jonken a flotte Biwerjong koum de Wee erop getrëppelt an huet sech gefreet, fir ënnerwee ze sinn.
D’Jolly ass aus senger Stopp gesprongen an huet ouni Angscht gefrot, wéi deen onbekannte Biwer heescht. Séier hunn déi zwee sech gutt verstan an hunn decidéiert zesumme weider ze trëppelen an zesummen en neie Weier fir en neit Doheem ze sichen.
No enger laanger Sich war dat neit Doheem och fonnt an si hunn e schéinen, groussen a stabillen Damm gebaut. Kuerz duerno waren och scho kleng Biwer op der Welt an déi jonk Biwerfamill huet ugefaangen de Bësch an seng Bewunner besser kennen ze léieren. Mat Hëllef vun der Eil Malak an dem Kaweechelchen Tictac hunn si séier alles iwwert hiert neit Doheem geléiert. All Dag erliewen si vill kleng Aventuren a léieren all Dag e sëllegen nei Saachen, iwwert d’Mënschen, d’Déieren, de Bësch an d’Welt.

Bildschirmfoto 2020-04-15 um 15.34.34
Playlist: Beavergeschicht erzielt vun de Castorscheffen