Les Castors

“Les Castors” ass e Scoutsgrupp vu Schëtter, dee Member vun der FNEL ass, dem nationale laizistesche Scoutsverbond.

D’ FNEL (“Féderation Nationale des Éclaireurs et Éclaireuses du Luxembourg”) ass eng laizistesch Associatioun, déi fir jiddereen op ass, egal wat fir enger Relioun oder Kultur een ugehéiert. D’Ziel vun der FNEL ass, dass déi jonk Leit hir eegen Entwécklung selwer an d’Hand huelen, selbststänneg, responsabel a engagéiert Bierger ginn. Mir baséieren eis op d’Scoutsmethod: dem Learning-by-Doing, engem progressiven an dem Alter ugepasste Programm, dee sech virun allem an der Natur ofspillt, an am Zesummeliewen a klengen Équippen.

Scoutismus

Den Scoutismus as 1907 vum Lord Baden-Powell of Gilwell, genant B .P. an England gegrent gin. Haut ass den Scoutismus den greissten Weltjugendmouvement. D’Stärkten dei desen Mouvement op der ganzer Welt karacteriseieren sin Toleranz , Respekt, Solidariteit, Benevolat …

Den Baden-Powell huet dat Wichtegst vum Scoutissem esou charakteriséiert :

« But the real way to get happiness is by giving out happiness to other people. Try and leave this world a little better than you found it ».

Branchen

E Scout duerchlieft seng Scoutszäit a verschiddene Branchen, déi sech no Alter ënnerscheede loossen. Des Branche sinn d’Beaver (bei eis vu 6 bis 8 Joer), d’Wëllefcher (vun 8 bis 11 Joer), d’Scouten (vun 11 bis 14 Joer), d’Explorer (vu 14 bis 16 Joer) an d’Rover (vu 16 Joer un).

Scoutsgesetz

Beim Scoutsgesetz handelt et sech, anescht wéi bei anere Gesetzer, net em eng Virschrëft oder en Zwang. Vill méi geet et dorëms, op seng perséinlech Aart a Weis ze probéieren, ëmmer säi Bescht ze dinn an di aner ze respektéieren an ze ënnerstëtzen.

Sech un d’Scoutsgesetz ze hale, wou ee kann, ass e wichtegen Deel vum Verspriechen, dat ee géigeniwwer sech selwer a senge Matmënsche mécht, éier ee säi perséinleche Foulard iwwerreecht kritt. Dest mécht een offiziell zu engem Member vum Scoutsmouvement, sief et lokal am Grupp, national an der Federatioun oder weltwäit am Scoutismus.

Wéi och d’Perséinlechkeet, wiisst a räift och d’Scoutsgesetz mam Alter a mat der Branche, a passt sech soumatt dem Scout am Laf vu sengem Scoutsliewen un.

Beavergesetz

E Beaver as frou.
E Beaver as fläisseg.
E Beaver denkt un d’Natur.
E Beaver hëlleft iwwerall. 

Wëllefchergesetz

E Wëllefche lauschtert op deen ale Wollef.
E Wëllefche mécht d’Aën op a spëtzt d’Oueren.
E Wëllefchen as propper a seet d’Wourecht.
E Wëllefchen as e gudde Komerod.
E Wëllefchen hëlleft wéi a wou hie kann.

Scoutsgesetz fir d'Scouten, d'Explorer an d'Rover

E Scout/Eng Guide huet Disziplin.
E Scout/Eng Guide as oppen a héiflech. All Scouten a Guide si Bridder a Schwesteren.
E Scout/Eng Guide mécht säin/hiert Bescht fir all denen, déi a Nout sinn, ze hëllefen.
E Scout/Eng Guide mécht all Dag e gutt Wierk.
E Scout/Eng Guide ass gutt mat den Déiren a respektéiert d’Natur.
E Scout/Eng Guide hëlt alles vun der gudder Säit.
E Scout/Eng Guide respektéiert wat anere gehéiert.
E Scout/Eng Guide as propper u Leif a Séil: hie/si seet a mécht näischt Schlechtes.