Scouten

scouten@castors.lu
+352 691 882 863
Fränk Schmitt
Chef de Troupe

Scouten hunn tëscht 11 a 14 Joer an treffen sech emol an der Woch fir zesummen nei Deeler vum Scoutismus kennenzeléieren oder ze verfeineren an dobäi vill Spaass ze hunn. Sie spillen, bastelen, baue Konstruktiounen, kachen, maache Sport, beweegen sech an der Natur, schlofen am Zelt, liese Karten, …

Sie sinn a Patrullen agedeelt an deenen et jeeweils ee CP (Chef de Patroulle) an en SP (Second) gëtt déi an der Patrull Leedung iwwerhuelen. En Deel vun de Scoutsversammlunge gi vun de Scoutscheffen organiséiert den aneren Deel patrullenweis vum jeeweilege CP a SP. Sou kenne Scoute lues a lues ëmmer méi Responsabilitéit huelen a leiere selbstänneg ze agéieren. Och si gi puer mol Joer op kleng Campen an am Summer hunn si normalerweis en Summercamp am Land oder och am Ausland.

Scoutcheffen

Olivier Martin (Tarpan)
Alex Lenert (Marmot)
Gilles Martin (Oryx)
Tom Prost
Lou Schumacher
Fränk Schmitt
Michel Hoffmann
Philippe Dauphin
Luc Dauphin
Maurice Federspiel
Eliaz Stiefer
Sabrina Schmitt