+352 691 280 904
Wëllefcher si Kanner tëscht 8 an 11 Joer déi sech emol an der Woch treffe fir nei Saachen ze entdecken an ze leieren. Dobäi amuséieren si sech ëmmer. Genau wei Beaver, spillen a bastelen si, si verbrénge vill Zäit dobaussen an der Natur a leieren am Grupp liewen.
D’Wëllefchersmeute ass a Sizainen ënnerdeelt an deenen et jeeweils en Sixer an en Second gëtt, dëst sinn déi erfarenste Wëllefcher, déi deene méi jonke sollen hëllefen, sech an der Meute erëmzefannen an déi och mol dem Chef kenne bëssen zur Säit stoen.
Wëllefcher hunn och Méiglechkeet eng Rei Badger souwéi 3 Feiler ze maachen, déi dono op hirer Uniform all anerem Scout hier Fäegkeeten an engem bestëmmte Beräich beweisen (zB: Spill, Schwammen, Kachen, …).
De Wëllefchersprogramm baséiert sech op Dschungelbuch vum Rudyard Kipling. Wëllefcher maachen e puer mol pro Joer méi kleng Campen an huelen och meeschtens un engem méi laange Summercamp deel. Esou kréien si Méiglechkeet als Grupp zesummen déi verschidden Aspekter vum Scoutismus ze entdecken.
Wëllefchercheffen
Dschungelgeschicht
De Shir Khan, ass den Tiger, deen 20 Mäile méi wäit beim Floss wunnt. De Papp war opbruecht. Laut dem Gesetz vum Dschungel, hat den Tiger net d’Recht, ouni Virwarnung, einfach säi Gebitt ze wiesselen. Dem Papp ass et elle ginn ëm säi Fang – grad elo, wou e jo muss fir 2 Joen. D’Rakscha huet e berouegt: De Lungri, also de Schlammen, well den Tiger goung vu Gebuert un op enger Patt schlamm a konnt doduerch nëmme Herdevéih rappen, de Shir Khan, hätt also d’Duerfmënsche vu Wanganga géint sech opbruecht a wäert elo déi bei eis rose maachen. Se wäerten den Dschungel op der Sich no him, duerchfilzen. A wann e wäit genuch fort wier, an d’Gras a brannt gestach gouf da musse mir mat eise Kanner flüchten- Mir sinn dem Shir Khan wierklech dankbar. Den Tabaqui wollt wëssen ob en dat dem Tiger weidersoe sollt, ier e vum Papp vrun d’Dier gekiert gouf. Ënnen aus dem Dall koum en heest Gehuerels, wat näischt anescht war, ewéi dem Tiger säint, deen emol erëm eng Kéier ouni Succès vun der Juegd koum. Mee d’Mamm huet un deem gräisslechen Toun héieren, dass en dës Nuecht e Mënsch géing joen. Dat Gejäiz do, mécht d’Mënschen esou duercherneen, dass se em riet an d’Maul sprangen. Mat Recht huet de Wollefspapp sech doriwwer opgereegt, dass en Déier e Mënsch friesse sollt, well d’Gesetz vum Dschungel verbitt dat ausdrécklech – well en doudege Mënsch heescht automatesch dass di aner mat Gewierer an Elefante kommen, an da muss jiddereen am Dschungel leiden.
De Mënsch ass zu deem dat schwächste Liewewiesen, an et wär immens feig an onsportlech hien unzegräifen. An anscheinend falen dem Mënschefriesser d’Zänn aus. Vu Wäitem hu se héieren, dass den Tabaqui elo beim Tiger ukomm war. An deem Moment raschelt et am Gehecks… De Wollefspapp léisst sech op seng hënnescht Leef nidder a setzt un ze Sprangen. Riet geet en an d’Luucht ewéi e Feil a kennt quasi op der nämmlechter Plaz erëm op. “E Mënsch!!!!” käicht en- “E Mënscheklengt” Direkt vrun ëm, direkt virdrun, tëscht dem Geäschts, stoung e klengt brongt plakegt Kand. Et konnt just eréischt Lafen. An dee klenge Plakert spadséiert einfach Nuets an eng Wollefshiel eran a grinst dem Papp an d’Gesiicht. “Bréng en heihinner. Esou eppes hunn ech nach ni gesinn”, sot d’Rakscha. Si kuckt et un an de Gedanke koum hir, dass et jo éischter eng Raritéit oder esouguer eng Exklusivitéit wier esou e Mënschekand tëscht lauter klenge Wëllef ze hunn… “En huet keen eenzegt Hoer u sech”, sot de Papp, “an ech kinnt e mat enger Beréierung ëmhaen, mee et kuckt mech un, ganz ouni Angscht.”
Entretemps war de Shir Khan an der Hielenentree opgedaucht an hannendrun den Tabaqui. En huet seng Beut gesicht, mee de Papp wousst, dass d’Hielelach ze kleng wier fir e sou e groussen Tiger. Ageklemmt tëscht de Schëllere stoung en nawell zimmlech topeg do. Dem Tiger säi Gegröls huet wéi Donner duerch d’Hiel gerubbelt, wéi d’Mamm du riicht a seng Richtung spréngt: “D’Mënschekand gehéiert mir, Lungri! Et soll liewen a mam Ruddel joen; an um Enn, du Memm, du Fänkert vu klenge plakege Kanner, du Fräschfréisser, um Enn, wäert d’Menschekand dech joen. An elo kuff d’Schmull, huel deng Been an de Grapp a kuck dass de fort kënns.” Géint eng rose Mamm kënnt een net un, duecht den Tiger klevererweis. Hannerrécks wackelt en aus der Hiel eraus a grommelt: “all Hond billt bei senger eegener Hütt. Mer wäerte jo gesi, wat de Ruddel zu deem Mënschejong ze soen huet. Dat Stéck Kand, wäert nach tëscht mengen Zänn landen, dir wuschelschwänzeg Gangsteren.” Der Mamm an dem Papp war kloer, dass si dat Mënschejonkt dem Ruddel misste presentéieren. Mee d’Rakscha hat sech schonn an dee klenge verkuckt: “Keng Angscht, klenge Fräsch – well esou heeschs du vun haut un, Mowgli, de Fräsch”. Et steet klib a kloer am d’Dschungelgesetz geschriwwen, dass all Wollefskand, esou bal et op sengen eegene Féiss ka stoen, dem Ruddelrot muss presentéiert ginn. Normalerweis ass en Treffe vun deem Rot ee mol de Mount bei Vollmound. Esou kënnen di aner Wollefskanner, déi nei kenne léieren an erëm gesinn. No der Inspektioun gi si da vum Ruddel opgeholl… Wéi d’Bouwe bis konnte lafen hunn d’Elteren si an de Mowgli mat bei de Rootsfiels op d’Ruddeltreffe geholl. Jidder Wollefsfamill stellt do seng Kleng an der Mëtt tëscht de Fielsbléck vir. An da rifft den Akela: “Dir kennt d’Gesetz, kuckt gutt, dir Wëllef”. Wéi et u senger Zäit war, stupst de Papp de Mowgli an d’Mëtt wou e sech am Laachen op de Buedem fale léisst a mat de Kiselsteng spillt. Den Akela huet d’Kand eréischt bemierkt, wéi de Shir Khan vun uewe bierelt et géing him gehéieren. Wat dann e Mënschekand mat de Wëllef ze dinn hätt???- D’Dschungelgesetz seet och, dass wann d’Opnam vun engem jonken Déier a Fro gestallt gëtt, 2 Membere vum Ruddel da musse fir dat Jonkt antrieden. An dat dierfe weder Mamm nach Papp sinn. D’Rakscha huet sech schonn op dat Schlëmmst agestallt gehat, wéi et vun hannen op eemol déif gebrummt huet. Et war de Baloo. De bronge Bier – Hien ass deen eenzeg Friemen, deen am Ruddelrot toleréiert gëtt. Hie ka kommen a goe wéi et him passt, well hie frupst nëmmen Nëss a Wuerzelen an Hunneg. Esou grunzt en: “Ech schwätze fir d’Mënschekand. Loost et am Ruddel lafen, huelt et mat deenen aneren op. Ech selwer wäert säi Léiermeechster sinn. Deen deet dach kenger Méck eppes. Mee et huet awer nach di 2. Stëmm gefeelt. Op eemol ass e schwaarze Schied an de Krees gefall. Dem Bagheera säin, dem schwaarze Panther. Deen ass schlau wéi den Tabaqui, king ewéi e wëlle Büffel an esou ouni Angscht ewéi en Elefant. Mee seng Stëmm ass esou douce, wéi wëllen Hunneg, dee vun de Beem drëpst a säi Pelz esou mëll ewéi Daunen. De Bagheera huet de Baloo ënnerstëtzt dran de Mënschejong a Ruddel ze akzeptéieren. En huet d’Decisioun méi einfach gemaach, wéi en nach e frëscht Véi als Merci derbäi offréiert huet. “Kuckt gutt, kuckt gutt, dir Wëllef,” huet den Akela gebillt.