“Les Castors” ass e Scoutsgrupp vu Schëtter, dee Member vun der FNEL ass, dem nationale laizistesche Scoutsverbond.
D’ FNEL (“Féderation Nationale des Éclaireurs et Éclaireuses du Luxembourg”) ass eng laizistesch Associatioun, déi fir jiddereen op ass, egal wat fir enger Relioun oder Kultur een ugehéiert. D’Ziel vun der FNEL ass, dass déi jonk Leit hir eegen Entwécklung selwer an d’Hand huelen, selbststänneg, responsabel a engagéiert Bierger ginn. Mir baséieren eis op d’Scoutsmethod: dem Learning-by-Doing, engem progressiven an dem Alter ugepasste Programm, dee sech virun allem an der Natur ofspillt, an am Zesummeliewen a klengen Equippen.